Panorama
Panorama
10 min
1. Den LSAP-EU-Deputéierte Marc Angel kandidéiert fir de Poste vum Vizepresident am Europaparlament
2. De President vum Staatsrot wiert sech, am 100,7-Interview, géint d'Kritik, datt seng Institutioun bewosst e Gesetz ausgebremst hätt
3. Trotz dem ville Reen an de Peegelstänn déi klammen, besteet nach keng akut Héichwaassergefor
4. Police mécht en Zeienopruff nodeems illegal Offall a Schrott an engem Feldwee tëschent Ell, Lannen a Rued deposéiert gouf
5. Déi ukrainesch Arméi dementéiert, datt déi ostukrainesch Stad Soledar a russesch Hänn gefall wier
6. Am däitschen Duerf Lützerath huet d'Police elo d'Klima-Aktivisten evakuéiert
7. Sechs Blesséierter bei Messerattack de Moien an der Gare du Nord zu Paräis, en terroristeschen Hannergrond gëtt am Moment ausgeschloss
8. A Groussbritannien ass eng Enquête opgemaach ginn nodeems Enn Dezember um Fluchhafen Heathrow eng kleng Quantitéit Uran bei enger Routine-Kontroll fonnt gi war
9. D'WHO deklaréiert offiziell d'Enn vun der Ebola-Epidemie am Uganda
10. ISS: nodeems hiert Raumschëff vun engem klenge Meteorit beschiedegt gouf, mussen déi dräi Astronauten, déi am Mäerz sollten zeréck op d'Äerd kommen, nach waarden