CD-Klassik
Meeschter vun der komescher Oper
12 min
De Pasquale Anfossi huet virun allem fir d'Bün komponéiert. Dat verwonnert net. De Komponist aus Süditalie koum mat 25 Joer op Neapel, wou hie laang Zäit Geiist an Operenorchestere war. 1763 bréngt hie seng éischt eegen Oper op d'Bün, a lues a lues entwéckelt den Anfossi sech zu engem international unerkannten Operekomponist, deen op Paräis an op London invitéiert gouf. De Pasquale Anfossi hat, an der Retrospektiv, de Pech, een Zäitgenosse vum Domenico Cimarosa ze sinn, deen och zu Neapel geschafft huet an haut nach ëmmer gespillt gëtt. Elo hunn den Czech National Symphony Orchestra an den Dirigent Alessandro Fabrizi no vill Recherche-Aarbecht e Programm mat Ouverturen vum Pasquale Anfossi opgeholl.