Panorama
Panorama
12 min
1. Haut fänkt zu Davos an der Schwäiz de Weltwirtschaftsforum un, de Premier Bettel, den Ierfgroussherzog Guillaume an d'Finanzministesch Backes sinn dobäi
2. Oxfam: fir d'éischte Kéier zanter 25 Joer hunn extreeme Räichtum an extreem Aarmut gläichzäiteg zougeholl
3. Déi däitsch Verdeedegungsministesch Christine Lambrecht trëtt zeréck
4. De Kreml dementéiert fir d'Bommenattack op en Héichhaus zu Dnipro, mat iwwer 40 Doudegen, responsabel ze sinn
5. Mafia-Boss Denaro, deen 30 Joer laang op der Flucht war, gouf zu Palermo festgeholl
6. D'Gemeng Hesper muss den Audit iwwer d'Onreegelméissegkeete bei de Gemengefinanze public maachen, dat urteelt d'Verwaltungsgeriicht
7. ADEM: d'Zuel vun de Laangzäit-Chômeure geet zeréck
8. OGBL fënnt et skandaléis, datt d'AMMD déi kommerziell Gesondheetsstrukturen ënnerstëtzt
9. Statec: Präisser am Bausecteur sinn tëschent Abrëll an Oktober nees ëm 6,8 Prozent geklommen
10. Giel Wiederwarnung nach bis 14:00 wéinst Schnéi an Héichwaasser