CD-Klassik
Fräi an nuancéiert
10 min
Op hirem neien Album interpretéiert d'Pianistin Margherita Torretta sechs Sonate vum Baldassare Galuppi. Den ënner Zäitgenossen als "Il Buranello" bekannte Komponist beweegt sech musikalesch an der Fréi-Klassik ouni d'Wuerzelen aus dem Barock ze vergiessen. D'Pianistin Margherita Torretta kuckt an hiren Interpretatiounen awer nach e Stéck méi wäit no vir an d'Museksgeschicht, mengt de Luc Boentges.