Panorama
Panorama
11 min
1. Däitschland an d'USA wieren elo bereet, Kampfpanzeren un d'Ukrain ze liwweren, mellen däitsch an amerikanesch Medien. Russland schwätzt vun enger weiderer Provokatioun
2. 'Relance vun der Lëtzebuerger Wirtschaft no der Pandemie wier amgaang am Sand ze verlafen, esou de Message vun der Industriellefederatioun Fedil op hirem Neijoerschpatt
3. An der Bedruchs-Affär zu Hesper hätt och d'Gemeng noléisseg geschafft a misst dofir Responsabilitéit mat droen, esou den Affekot vun engem vun de beschëllegte Gemenge-Beamten
4. De Remboursement vun der Psychotherapie trëtt wéi ugekënnegt den 1. Februar a Kraaft, esou de Minister Claude Hagen
5. D'Stater Sozialisten hunn hir Lëscht fir d'Gemengewale gëschter op der Generalversammlung ugeholl: Wéi scho bekannt war, geet d'Stater LSAP mat enger duebele Spëtzt an d'Walen - an zwar mat der Maxime Miltgen, Presidentin vun de Femmes Socialistes, an de Gabriel Boisante, dee schonn am Gemengerot ass