arrow_back_ios
CD-Klassik
Visions
Zanter Jore schonn trieden d'Pianisten Tamara Stefanovich a Pierre-Laurent Aimard als Duo op, besonnesch am Repertoire vum 21. Joerhonnert. Elo hu béid Museker sech un de gewaltegen Zyklus "Visions de l'Amen" vum Olivier Messiaen gemaach. Grad fir de Pierre-Laurent Aimard huet dës Musek eng ganz perséinlech Bedeitung. Hie war e Schüler vun der Yvonne Loriod, der Fra vum Olivier Messiaen, déi hirersäits als Studentin vun hirem spéidere Mann, "Visions de l'Amen" zesumme mam Olivier Messiaen uropgeféiert hat.