CD-Klassik
Puzzle
13 min
Puzzle - esou een Titel kléngt fir d'éischt emol no Duercherneen, no engem Koup vu klenge Stécker, déi een als Tableau zesummestécht. Fir d'Pianistin Sophie Pacini huet hiren neie Puzzle, hiren neien Album, allerdéngs e ganz klore Plang, eng Geschicht. De Frédéric Chopin a seng Musek begleeden d'Pianistin zanter si optrëtt, a mam Alexander Skrjabin kuckt si op déi musikalesch Zäit, déi nom Chopin ugebrach ass.