Klassik aktuell
"De la musique pour faire plaisir"
11 min
Den 19. Februar ass Fuessonndeg, mee den Orchestre de Chambre du Luxembourg ass scho 14 Deeg virdrun an der richteger Stëmmung a proposéiert dëse Weekend e Programm ënner dem Motto "De la musique pour faire plaisir" mat Wierker vu Mozart, Francaix an Haydn. Solist ass den Daniel Ottensamer, Solo-Klarinettist vun de Wiener Philharmoniker. Invitée am Studio ass d'Corinna Niemeyer, Chefdirigentin vum Orchestre de Chambre du Luxembourg.