CD-Klassik
The celebrated San Martini
15 min
Hie war keen Hellegen, mee well d'Englänner warscheinlech Schwieregkeete mat der Aussprooch haten, gouf aus dem Giuseppe Sammartini de San Martini. "Celebrated" - berüümt - war hien allerdéngs. De Sammartini war de groussen Hautboist aus der éischter Hallschent vum 18. Joerhonnert, dee laang zu London am Orchester vum G.F. Händel gespillt huet. Elo huet déi israeelesch Flüttistin Tamar Lalo fir hiren éischten Solo-Album eng Partie Sonate vum Sammartini opgeholl.