Klassik aktuell
L'âge d'or musical à Saint-Marc de Venise
9 min
Zanter 15 Joer gëtt et den Ensembel Les Traversées baroques, deen - wéi et den Numm verréit - déi ënnerschiddlechst Facettë vum Repertoire exploréiert - musikalesch an och geographesch. En nächste Sonndeg ass den Ensembel zu Miersch am Kader vun de Rencontres musicales de la Vallée de l'Alzette. Um Programm steet Musek aus der grousser Zäit vu Venedeg, wou d'Lagunestad wirtschaftlech an och kulturell um Héichpunkt war mat ënner anerem der Capella musicale di San Marco. Les Traversées baroques proposéiere Kompositioune vun zwee Museker, déi a San Marco gewierkt hunn: den Giovanni Gabrieli an den Giovanni Bassano.