Panorama

headphones

11 min

Lauschteren play_arrow

1. An der Äerdbieweregioun an der tierkesch-syrescher Grenzregioun lafen d'Rettungsaarbechten op Héichtouren. Den tierkesche President huet fir zéng Provënzen den Noutstand ausgeruff. D'Zuel vun den Affer beleeft sech op iwwer 5.000

2. D'Ukrain soll iwwer 100 Leopard 1 Panzer vun engem Grupp vun europäesche Staaten geliwwert kréien, dat sot deen däitsche Verdeedegungsminister Boris Pistorius haut zu Kiew. Bis d'éischt Trimester 2024 sollen op d'mannst dräi Bataillounen domadder ekipéiert sinn

3. D'Populatioun zu Lëtzebuerg ass an de leschten zéng Joer ëm 25 Prozent geklommen, Enn 2021 hu 644.000 Leit hei am Land gelieft. De Statec huet de Moien déi neisten Zuele presentéiert

4. De Fluchhafe Hahn ka momentan nach net vun engem russeschen Oligarch iwwerholl ginn, an enger Versammlung vun de Creanciere gouf et haut nach keen Accord. Dee russeschen Pharma-Investisseur Viktor Charitonin hat Interessi gewisen. Engem Porte parole vun de Creancieren no wieren nach ëmmer zwee Kandidaten am Gespréich, déi allebéid gutt Kaarten hätten. Bis Mäerz soll eng Léisung fonnt ginn

5. Déi Paräisser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo wëllt keng russesch Athleeten op der Olympiad an der franséischer Haaptstad. Am Géigesaz zum IOC ass si der Meenung, datt dat net géif goen, esou laang wéi de Krich an der Ukrain géif undaueren

6. De franséische Bankegrupp BNP Paribas wäert dem Lëtzebuerger Staat als Co-Aktionär eng 50 Milliounen Euro un Dividende bezuelen. De Bankegrupp huet d'lescht Joer e Rekordbenefice vun 10,1 Milliarden Euro realiséiert

7. RTL wëllt beim Editeur Gruner und Jahr eng ganz Rei Magasinner ofschafen oder verkafen. Bleiwe sollen awer grouss Nimm wéi Stern, Geo a Brigitte. Parallel sollen eng 700 Aarbechtsplazen ofgebaut ginn

8. De Buergermeeschter vu Metz François Grosdidier gouf haut zu enger Prisongsstrof vu sechs Méint verurteelt. Hie soll a senger Zäit als Deputéierten 160.000 Euro un ëffentleche Gelder un eng Associatioun iwwerwisen hunn, bei där hie selwer President war







Episoden

Moiespanorama

USA-Iran: Nei géigesäiteg Attacken / Tripartite-Mesuren: Staat huet néidege finanzielle Sputt, esou de Finanzminister / EU-Asylpak: Chamber huet Gesetzestexter ugeholl
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

USA-Iran: Nei géigesäiteg Attacken / Tripartite-Mesuren: Staat huet néidege finanzielle Sputt, esou de Finanzminister / EU-Asylpak: Chamber huet Gesetzestexter ugeholl
headphones

12 min

play_arrow

Owespanorama

Nei Detailer Tripartitesaccord a Reaktioune vun der Chamber / Neien Drogerapport / Visitt litaueschen Defenseminister / Affär Lyhanna: Premier kënnegt verschäerft Strofen un
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

Och no Tripartite: Steierreform kann den 1. Januar 2028 a Kraaft trieden / Pensiounsuspréch: Fernand Kartheiser kritt viru Geriicht Recht / Lyhanna: grouss Protester a Frankräich
headphones

14 min

play_arrow

Moiespanorama

Detailer zum Tripartitesaccord / Nei Wafferou tëschent Israel an dem Iran / Afrikanesche FIFA-Arbitter dierf net an d'USA
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Detailer zum Tripartitesaccord / Nei Wafferou tëschent Israel an dem Iran / Afrikanesche FIFA-Arbitter dierf net an d'USA
headphones

12 min

play_arrow

Owespanorama

Iwwerbléck Mesuren Tripartitesaccord / Chamberkommissioun: EU-Asylpak ugeholl / Noen Osten: Iran an Israel stoppen Ugrëff bis op Weideres / Frankräich: Justizminister Affär Lyhanna
headphones

11 min

play_arrow

Mëttespanorama

Tripartitesaccord gëtt haut ënnerschriwwen / Nei Eskalatioun am Noen Oste geet weider / Xi Jingping op Visitt an Nordkorea
headphones

14 min

play_arrow

Moiespanorama

Israel-Iran: Nei géigesäiteg Attacken / Xavier Bettel: Well Produkter aus israeelesche Kolonien zu Lëtzebuerg verbidden / Mord vum Lyhanna: Franséisch Justiz an der Kritik
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Israel-Iran: Nei géigesäiteg Attacken / Xavier Bettel: Wëllt Produkter aus israeelesche Kolonien zu Lëtzebuerg verbidden / Mord vum Lyhanna: Franséisch Justiz an der Kritik
headphones

10 min

play_arrow

Mëttespanorama

DP-Kongress: Tripartiteaccord a moderniséierte Logo / Caritas-Affär: Fra zu Roum festgeholl / Spuenien: 1,2 Millioune Leit bei enger Mass vum Poopst Leo zu Madrid
headphones

8 min

play_arrow

Moiespanorama

Caritas-Affär: eng Fra gouf zu Roum festgeholl / Vëlosmanifestatioun: 300 Participanten / Gers: Marche blanche fir dat verstuerwent Lyhanna
headphones

9 min

play_arrow

Owespanorama

300 Vëlosfuerer huelen u Manif vu Provelo deel / Zu Roum gouf eng Persoun am Kader vun der Caritas-Bedruchsaffär festgeholl / D‘Ukrain verschäerft d‘Attacken op St. Petersburg
headphones

10 min

play_arrow

Mëttespanorama

Visitt vum portugisesche President Seguro zu Lëtzebuerg / Doud vun der Bernadette Chirac mat 93 Joer / Optakt vun enger 7 Deeg laanger Visitt vum Poopst Leo a Spuenien
headphones

9 min

play_arrow

Moiespanorama

Eenegkeet um Landwirtschaftsdësch / Frankräich: grouss Emotioun nom Doud vum Lyhanna / Dammefussball: Nationalekipp verléiert 0-6 géint d'Belsch
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Xavier Bettel zu Tripartite-Accord / Méi Sproochenoffer an de Schoulen / Prozess Theo Malget geet nächst Woch weider
headphones

15 min

play_arrow

Mëttespanorama

Premier zefridde mat Tripartite-Accord / Generaliséiert franséisch Septièmes-Klasse vun nächster Rentrée un / Luc Holtz neien Trainer vum FC Metz
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Accord an der Tripartite: Mesurëpak vu 450 Mio Euro decidéiert / Urteel an der Affär Lunghi/RTL leit vir / Wafferou am Libanon hält net
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Accord an der Tripartite: Mesurëpak vu 450 Mio Euro decidéiert / Urteel an der Affär Lunghi/RTL leit vir / Wafferou am Libanon hält net
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Nei Proposen iwwer Mindestloun op der Tripartite / CCDH besuergt iwwer neit Migratiounsgesetz / Hisbollah refuséiert Wafferou tëschent Israel a Libanon
headphones

13 min

play_arrow