Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Claude Debussy - Clair de Lune - Joanna Goodale (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Panorama

opus / Panorama

/ Panorama

Panorama

headphones

11 min

Lauschteren play_arrow

1. An der Äerdbieweregioun an der tierkesch-syrescher Grenzregioun lafen d'Rettungsaarbechten op Héichtouren. Den tierkesche President huet fir zéng Provënzen den Noutstand ausgeruff. D'Zuel vun den Affer beleeft sech op iwwer 5.000
2. D'Ukrain soll iwwer 100 Leopard 1 Panzer vun engem Grupp vun europäesche Staaten geliwwert kréien, dat sot deen däitsche Verdeedegungsminister Boris Pistorius haut zu Kiew. Bis d'éischt Trimester 2024 sollen op d'mannst dräi Bataillounen domadder ekipéiert sinn
3. D'Populatioun zu Lëtzebuerg ass an de leschten zéng Joer ëm 25 Prozent geklommen, Enn 2021 hu 644.000 Leit hei am Land gelieft. De Statec huet de Moien déi neisten Zuele presentéiert
4. De Fluchhafe Hahn ka momentan nach net vun engem russeschen Oligarch iwwerholl ginn, an enger Versammlung vun de Creanciere gouf et haut nach keen Accord. Dee russeschen Pharma-Investisseur Viktor Charitonin hat Interessi gewisen. Engem Porte parole vun de Creancieren no wieren nach ëmmer zwee Kandidaten am Gespréich, déi allebéid gutt Kaarten hätten. Bis Mäerz soll eng Léisung fonnt ginn
5. Déi Paräisser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo wëllt keng russesch Athleeten op der Olympiad an der franséischer Haaptstad. Am Géigesaz zum IOC ass si der Meenung, datt dat net géif goen, esou laang wéi de Krich an der Ukrain géif undaueren
6. De franséische Bankegrupp BNP Paribas wäert dem Lëtzebuerger Staat als Co-Aktionär eng 50 Milliounen Euro un Dividende bezuelen. De Bankegrupp huet d'lescht Joer e Rekordbenefice vun 10,1 Milliarden Euro realiséiert
7. RTL wëllt beim Editeur Gruner und Jahr eng ganz Rei Magasinner ofschafen oder verkafen. Bleiwe sollen awer grouss Nimm wéi Stern, Geo a Brigitte. Parallel sollen eng 700 Aarbechtsplazen ofgebaut ginn
8. De Buergermeeschter vu Metz François Grosdidier gouf haut zu enger Prisongsstrof vu sechs Méint verurteelt. Hie soll a senger Zäit als Deputéierten 160.000 Euro un ëffentleche Gelder un eng Associatioun iwwerwisen hunn, bei där hie selwer President war





Episoden

Owespanorama

Wollefsweibchen am Raum Dol eendeiteg confirméiert / Neie Rekord: CFL mellt 31 Millioune Passagéier 2024 / Steiererklärung gëtt vereinfacht
headphones

14 min

play_arrow

Mëttespanorama

25 Joer Prisong am Heeschpelter Mordprozess / Gaza-Accord nach net ëmgesat / Brittesche Premier zu Kiew
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Gaza: Accord fir e Waffestëllstand an d‘Fräiloossung vun de Geiselen / Déi Lénk: CSV hätt hir Wäerter verluer / Joe Biden: US President warnt virun enger Oligarchie an den USA
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Gaza: Accord fir e Waffestëllstand an d‘Fräiloossung vun de Geiselen / Déi Lénk: CSV hätt hir Wäerter verluer / Joe Biden: US President warnt virun enger Oligarchie an den USA
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Kulturminister plangt Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch/ Verwaltungsgeriicht: Beschafungskontrakter vu Corona-Impfstoffer / Karlspräis geet dëst Joer un d'EU-Kommissiounspresidentin
headphones

10 min

play_arrow

Mëttespanorama

Südkoreanesche Präsident gouf festgeholl / LCGB insistéiert op Kollektivvertraeg / Christophe Hansen warnt virun Maul-a Klauenseuch
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Lëtzebuerg am Weltall: Mound-Rover gouf lancéiert / No Reunioun mam Premier: Gewerkschaften erwaarde konkret Resultater / Südkorea: Suspendéierte President gouf verhaft
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

Südkorea: Suspendéierte President gouf verhaft / No Reunioun matt Gewerkschaften: Premier huet Sozialronn ugekënnegt / Lëtzebuerg am Weltall: Mound-Rover soll de Moie lancéiert ginn
headphones

10 min

play_arrow

Owespanorama

Kee konkret Resultat no Entrevue Premier mat Gewerkschaften / Maul a Klauenseuche an Däitschland: ALVA lancéiert Appell/ 1. Regierungsdeklaratioun vum François Bayrou
headphones

11 min

play_arrow

Mëttespanorama

Garer Quartier: Stater Buergermeeschtesch freet dréngend Entrevue mam Premier / Mobilitéitsministere kënnegt nei Mobilitéitsenquête un / Däitsche Verdeedegungsminister op Visitt zu Kiew
headphones

14 min

play_arrow

Moiespanorama

Google Datenzenter: Gemeng Biissen huet Exekutiouns-Pläng a Konventioun vum PAP ugeholl / Gazasträif: Ganz no un engem Accord fir Waffestëllstand, sou de Joe Biden
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Google Datenzenter: Gemeng Biissen huet Exekutiouns-Pläng a Konventioun vum PAP ugeholl / Waffestëllstand Gazasträif: No un engem Accord, sou de Joe Biden / Benjamin Kruithof: Lëtzebuergesche Cellist wënnt Young Artist of the Year Präis
headphones

13 min

play_arrow

Owespanorama

Rapport Rechnungshaff Parteifinanzéierung / Bilan Autosfederatioun 2024 / Los Angeles: "extreem" Feiergefor bei Bëschbränn
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Abordabele Wunnraum: Déi Lénk wëlle Gemenge méi abannen / Nationale Streik an der Belsch mat Repercussiounen op Lëtzebuerg / Méiglechen Deal fir Wafferou an der Gazasträif
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Pensiounsreform: Ëffentlech Consultatioun „Schwätz mat“ gouf ausgewäert / Los Angeles: Bilan vu Bränn op 24 Doudeger geklommen / Belsch: Perturbatioune wéinst nationalem Streik
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Pensiounsreform: Ëffentlech Consultatioun „Schwätz mat“ gouf ausgewäert / Los Angeles: Bilan vu Bränn op 24 Doudeger geklommen / Belsch: Perturbatioune wéinst nationalem Streik
headphones

11 min

play_arrow

Mëttespanorama

Ukrain: 2 nordkoreanesch Zaldoten arrêtéiert / Mayotte virum Passage vun engem weideren Zyklon / 16 Doudeger bei de grousse Bëschbränn zu LA
headphones

7 min

play_arrow

Moiespanorama

LA: offiziell elo 16 Doudeger duerch d'Bëschbränn / Mayotte fäert de Passage vun engem weidere Zyklon / Walkampf an Däitschland kënnt op Touren
headphones

8 min

play_arrow

Owespanorama

Olaf Scholz als Kanzlerkandidat confirméiert / Tramsaccident mat Blesséierten zu Stroossbuerg / Gesondheetsnoutstand zu Los Angeles
headphones

9 min

play_arrow

Mëttespanorama

Brand am Untersuchungsprisong Uerschterhaff / Fäll vu K.O. Drëpsen zu Lëtzebuerg / Ugespaante Situatioun ronderëm LA
headphones

8 min

play_arrow