CD-Klassik
Ewech vum Virtuosecliché
10 min
Iwwer 150 Wierker huet den Anton Rubinstein komponéiert - e Museker, deen am 19. Joerhonnert grad esou eng Vedette war wéi säi Léiermeeschter Franz Liszt. De Rubinstein war eng Perséinlechkeet mat groussem Afloss op dat russescht Museksliewen - als Interpret, als Komponist, Dirigent a Matgrënner vum Conservatoire vu Sankt Péitersbuerg. De Martin Cousin huet elo zwou Serië vu Preluden an Etudë vum Anton Rubinstein opgeholl, Wierker, déi bis elo zum Deel nach ni op Disk ze héiere waren.