Klassik aktuell
Lassgeléisst vum Beethoven sengem Schiet
4 min
Al, liicht granzeg a mat engem grousse Baart: Denkt een un de Johannes Brahms huet een dacks dëst Bild am Kapp. Esou war hien awer net ëmmer. Als jonke Komponist huet hien ënner grousse Selbstzweiwel gelidden an huet sech selwer ëmmer erëm immens ënner Drock gesat.
D'Marie Trussart kuckt zeréck op eng Zäit aus dem Komponist sengem Liewen, an där hie sech vun dësen negative Gedanke befreit huet.