Panorama
Panorama
11 min
1. Déi zwee Membere vum CGDIS, déi an d'Äerdbieweregioun an der Tierkei geschéckt goufen, ginn elo ofgeléist, si waren mam Schwéierpunkt Logistik a Kommunikatioun am Asaz
2. Nordkorea huet hënt op en Neits zwou Kuerzstreckerakéite getest, si si virun der japanescher Küst an d'Mier gefall. Japan wëllt elo eng urgent Sëtzung vum UN-Sécherhetsrot
3. D'USA warnen, datt China Militärhëllef u Russland géing liwweren, dat fir d'Offensiv an der Ukrain ze ënnerstëtzen. Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken huet awer net erkläert, wourop dës Informatioun zeréckzeféiere wier
4. Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken ass haut op Visitt zu Ankara. Äerdbiewenhëllef an den NATO-Bäitrëtt vu Finnland a Schweden dierfte bei de Gespréicher mam President Erdogan Haaptsujete sinn
5. Déi däitsch FiImproduktioun "Im Westen nichts Neues" huet bei de brittesche BAFTA Awards ofgeraumt, d'Neiverfilmung krut siwe Präisser
6. Spannung an der däitscher Bundesliga, wou Dortmund 4-1 géint Hertha BSC gewënnt an elo punktgläich mat Bayern München an Union Berlin un der Tabellespëtzt läit