CD-Klassik
Eng iwwerraschend Zesummestellung
15 min
Säi Papp ass Museker, a seng Mamm Molerin. Dem iranesch-US-amerikanesche Cembalist Mahan Esfahani gouf d'Musek also an d'Wéi geluecht. Elo huet de Museker een neien Album zesumme mam Prague Radio Symphony Orchestra an ënner der Baguette vum Alexander Liebreich opgeholl. Um Programm sti Concertoe fir Cembalo vu Bohuslav Martinu, Hans Krasa a Viktor Kalabis. De Remy Franck huet an dës Sortie gelauschtert.