arrow_back_ios
Das musikalische Pompeji
Vun der Kierch op d'Bün
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Mat der Franséischer Revolutioun ännert sech um Enn vum 18. Joerhonnert villes - och an der Musek. Barocke Pomp, Musek als Zweck vun der aristokratescher Representatioun ass net méi gefrot. Dat gëllt absënns fir d'Kierchemusek. A well déi musikalesch Theatralik ronderëm d'Liturgie plazeweis esouguer verbueden ass, ginn d'Komponiste léiwer an d'Oper. Do fannen si och nei finanziell Sécherheet, nodeems d'Kierchenhären an den Adel hir dominant Positioune verluer haten.