De Pianist Boris Giltburg an den Dirigent Vasily Petrenko hunn hiren drëtte gemeinsame Beethoven-Disk bei Naxos erausbruecht. Hir Zesummenaarbecht ass och dës Kéier nees mat der Ënnerstëtzung vum Royal Liverpool Philharmonic Orchestra entstanen. Mir héieren eng harmonesch an ausgeglachen Interpretatioun vun de Pianosconcertoen Nummer 3 a 4.
De Christophe Mirkes huet dësen Disk gelauschtert.