Klassik aktuell
"Die längste und intimste musikalische Beziehung in meinem Leben"
9 min
Eng laangjäreg Zesummenaarbecht verbënnt de Bariton Florian Boesch an de Pianist Malcolm Martineau. Haut den Owend (08.03.) trieden si och zesummen an der Philharmonie op. Op der Affiche steet ee Programm mat Lieder vum Franz Schubert. Zum Wiener Komponist fillt sech de Florian Boesch, deen och zu Wien gebuer an opgewuess ass, och besonnesch verbonnen. D'Marie Schockmel huet sech mam Bariton ënnerhalen.