CD-Klassik
Traditioun a Modernitéit
13 min
Dräi traditionell Genrë bedéngt déi rumänesch Komponistin Livia Teodorescu-Ciocanea op deem neien Disk an der Portrait-Serie, déi de Label Toccata erausbréngt: Concerto, Kantat a Symphonie. D'Livia Teodorescu-Ciocanea enseignéiert Kompositioun op der Museksuniversitéit zu Bukarest, ass publizistesch als Musekologin aktiv an och Concertspianistin. Och wann hir Formen traditionell sinn, ass der Komponistin hir musikalesch Sprooch allerdéngs resolut modern.