Panorama
Panorama
14 min
1. Keng Maskeflicht méi zu Lëtzebuerg: Den 1. Abrëll soll dat aktuellt Covid-Gesetz mat neie Bestëmmungen ersat ginn, de Regierungsrot huet déi haut accordéiert, och d'Isolatiounsflicht bei engem positiven Test soll ewechfalen
2. "Gerecht Léisunge fir haut a muer" - mat deem Slogan geet d'Piratepartei an d'Gemengen- a Chamberwalen. De fréieren ILRES Direkter Tommy Klein gëtt bei de Pirate Beroder a Kandidat fir d'Chamberwalen, gouf haut confirméiert
3. D'EU soll bis 2030 op d'mannst 11,7 Prozent manner Energie verbrauchen, gesäit eng nei Direktiv vir
4. Zu Lëtzebuerg huet eng Petitioun géint de Verbuet vum Verbrennungsmotor banne kuerzer Zäit méi wéi 4.500 Ënnerschrëften erreecht