Panorama
Panorama
10 min
1. Tëscht Gräisch an Tënten gouf et de Mëtteg e schrot Verkéiersaccident. Eng Persoun ass dobäi gestuerwen.
2. De Walalter op 16 Joer erofsetzen, d'Aarbechtszäit reduzéieren an eng generell Vitesslimitatioun op 30 Kilometer an der Stonn an den Uertschaften, dofir wëllt d'LSAP sech am Walkampf asetzen.
3. A Frankräich an an Holland gouf et haut jeeweils grouss Streikaktiounen. Bei eise franséischen Nopere géint d'Rentereform, an an Holland wieren sech d'Bauere géint ugekënnegt Ëmweltoplagen.
4. A Spuenien ginn sech fir dëse Weekend Temperaturen iwwer 30 Grad erwaart. E Rekord fir dës Joreszäit.
5. D'Michaela Shiffrin ass elo offiziell déi beschte Schileeferin vun allen Zäiten. Mat hirer Weltcup-Victoire haut, huet d'US-Amerikanerin de laangjärege Rekord vum Ingemar Stenmark gebrach.