CD-Klassik
Eng Opnam mat Häerzblutt
13 min
Een Album opzehuelen an dono matzekréien, wéi e bei de Nolauschterinnen an de Nolauschterer ukënnt, dat ass eppes wat déi meescht Musekerinnen a Museker erliewen. Bei sengem leschte CD war dat fir de Lars Vogt net de Fall, hien huet d'Sortie net méi materlieft. Zesumme mat der Tanja an dem Christian Tetzlaff huet den däitsche Pianist Kammermusekswierker vum Franz Schubert opgeholl. Een Album, bei deen ee vill iwwer d'Liewen an den Doud léiert, an doriwwer, wéi wäertvoll all Moment ass. D'Marie Schockmel huet an dës Publikatioun gelauschtert.