CD-Klassik
Bekannt Wierker nei gespillt
15 min
"Wie reich an Erfindung, wie interessant vom Anfang bis zum Ende ist es" - dat sot de Robert Schumann iwwert de Pianosconcerto a La Mineur, deen d'Clara Wieck-Schumann scho mat 14 Joer komponéiert huet. Dësen an och ee Pianosconcerto vum Robert Schumann selwer sinn um neien Album vun der Pianistin Beatrice Rana mam Titel "Clara & Ribert Schumann" ze héieren. Zesumme mam Chamber Orchestra of Europe an ënnert der Leedung vum Yannick Nézet-Séguin spillt déi italieenesch Pianistin eng immens kraftvoll a ganz romantesch Interpretatioun. De Remy Franck huet an dës Sortie gelauschtert.