CD-Klassik
Eng elektriséierend Interpretatioun
15 min
2022 gewënnt hie bei den International Classical Music Awards e Präis fir säin Album mat dem Nikolai Kapustin sengem 4. Pianosconcerto a sengem Concerto fir Gei, Piano a Sträichorchester Opus 105. Elo huet de Frank Dupree een neie CD mat Wierker vum Kapustin opgeholl - hei si säi 5. Pianosconcerto, säi Concerto fir 2 Pianoen a Perkussioun Opus 104 a seng Sinfonietta fir Piano zu 4 Hänn Opus 49 drop. Zesumme mam Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin an ënnert der Baguette vum Dominik Beykirch huet den däitsche Pianist des Musek vum Komponist, dee sech staark um Jazz inspiréiert huet, agespillt. Op dësem Album spillt de Frank Dupree mat enger Begeeschterung, déi sech vun him op den Orchester an den Nolauschterer iwwerdréit, mengt de Remy Franck.