CD-Klassik
Een Album voller Mystik
13 min
Eng Sinfonie, ee Concerto an eng Kantate - dat alles héiert een op deem neie CD vum rumänesche Radiosinfonieorchester. Am Fokus steet d'Livia Teodorescu-Ciocănea. Déi rumänesch Komponistin, déi 1959 gebuer ass, ass bekannt dofir, Musek fir vill verschidde Genren ze schreiwen. Op dësem Disk sinn hir Archimedes-Sinfonie, hire Concerto fir verschidde Flütten an Orchester mam Titel "Rite for Enchanting the Air" an d'Kantate "Mysterium tremendum" fir Mezzosopran an Orchester. Et ass een Album voller Mystik a mat enger groussaarteger Interpretatioun. De Remy Franck huet eragelauschtert.