CD-Klassik
Duality
12 min
Säin Debut-Album huet de jonke Gittarist 2018 zesumme mat der Cellistin Isabel Gehweiler opgeholl. Do stoung Musek vum Franz Schubert, Antonio Vivaldi, Radamés Gnattali a vum Enrique Granados um Programm. Elo koum een neien CD vum Aljaž Cvirn eraus. Op dësem kollaboréiert de Gittarist mat engem anere Gittarist, enger Geiistin an engem Cellist. Ganz passend also zum Titel vum CD "Duality" - hei spillt den Aljaž Cvirn nämlech ofwiesselend mat deene verschiddene Museker:innenam Duo. D'Marie Schockmel huet an dësen Album gelauschtert.