Panorama
Panorama
9 min
1. De Leak vu geheimen Dokumenter aus dem Pentagon ass eng grav Menace fir d'USA, esou den John Kirby vum Nationale Sécherheetsrot. Et géif alles gemaach gi fir déi Responsabel ze fannen
2. D'Ëmweltorganisatioune Greenpeace Lëtzebuerg kritiséiert, et géif der Regierung u Courage feelen a Saache Glyphosat-Verbuet. Et wier bedauerlech, datt de Landwirtschaftsministère keen neie Glyphosat-Verbuet op enger gëeegenter rechtlecher Basis decidéiert hätt, esou Greenpeace an engem Communiqué
3. Fënnef Doudeger an aacht Blesséierter, dat ass de Bilan vun enger Schéisserei an enger Bank am amerikanesche Louisville. Dee 25 Joer alen Täter, dee fréier selwer do geschafft hat, gouf vun der Police erschoss
4. Kritik kënnt aus der däitscher Wirtschaft, well déi lescht dräi Atomzentralen dës Woch ofgeschalt ginn. E fäert een ëm d'Versuergungssécherheet. Déi wier dem Wirtschaftsminister Habeck no awer assuréiert
5. Nei Gewalt an Nordirland, wou wärend engem illegale Cortège e Policewon a Brand gesat gouf. Haut ass den Optakt vun enger offizieller Visitt vum amerikanesche President Joe Biden zu Belfast
6. D'Enn vun der Covid-Pandemie gouf elo och offiziell an de USA proklaméiert, de President Joe Biden huet den nationalen Noutstand, deen zanter dräi Joer bestoung, elo annuléiert
7. An der Fussball Champions League ass et haut den Optakt vu de Véierelsfinallen: Benfica Lissabon spillt géint Inter Mailand a Manchester City géint Bayern München