Das musikalische Pompeji
D'Opféierungspraxis an der Romantik
8 min
Sou spannend d'Presentéiere vun "Aler Musek" fir de Publikum ka sinn, esou ustrengend ass dacks d'Recherche. D'Sich an d'Opféieren vun zu onrecht vergiessene Komponist:innen oder Wierker ass eng vun deene spannendste Facette vun der Early Music-/Alte Musik-Szene. An dat betrëfft net nëmme Wierker aus der Renaissance an dem Barock, mä mëttlerweil och Wierker aus der méi jonker Vergaangenheet, wéi zum Beispill aus dem romanteschen 19. Joerhonnert.