Panorama
Panorama
13 min
1. En neie Blame fir d'Monica Semedo: Wéinst Harcelement vun engem Mataarbechter muss d'Europadeputéierte op d'Somm vun zéng Dagessätz verzichten
2. De Philippe Meyers ass neien President vum Gemengesyndikat SIGI, dat no der Demissioun vum Yves Wengler wéinst Onreegelméissegkeeten. Et gëtt och e penale Volet, Virwërf wéinst Harcelement sexuell goufen un de Parquet weidergeleet
3. Et feelt nach ëmmer all Spuer vun engem Onbekannten, dee gëschter Owend an engem Fitness Studio zu Duisburg véier Persounen attackéiert a schwéier blesséiert huet. D'Police huet eng grouss Sichaktioun lancéiert
4. Iwwer 270 Leit koume bis elo bei den Ausernanersetzungen am Sudan ëm d'Liewen, méi wéi 2.600 goufe blesséiert. Der WHO no feelt et an de Spideeler an der Haaptstad Karthum um Néidegsten
5. 787 Milliounen Dollar muss de Sender Fox News der Firma Dominion bezuelen, dat wéinst falsche Behaaptungen iwwer manipuléiert Walmaschinnen
6. AC Mailand a Real Madrid sinn déi éischt Halleffinalisten an der Champions League