Klassik aktuell
Cabaret!
7 min
"Verréckt", "lëschteg" a "spektakulär": Mat dëse Wierder beschreift d'Dirigentin Corinna Niemeyer den nächste Concert vum Orchestre de Chambre du Luxembourg. Zesumme mat der Sopranistin Hila Baggio invitéiert si nämlech op en Owend voller franséischer Cancan-Melodien, Berliner Chansons an Exzentrik. Iwwer dëse Concert nächste Sonndeg (7.5.) um fënnef Auer am Kammermusekssall vun der Philharmonie huet de Luc Boentges mat der Corinna Niemeyer geschwat.