Panorama
Panorama
12 min
1. De Minister Bausch huet de Reamenagement vum Militärcamp um Waldhaff presentéiert, Käschtepunkt: 81,5 Milliounen Euro
2. CFL confirméiert: Zuchstreck Ettelbréck-Kautebaach a Kautebaach-Wolz geet, wéi geplangt, e Méindeg op
3. D'Chambre des Métiers fäert eng Kris am Handwierk: all fënnefte Betrib rechent domat, Personal mussen ofzebauen
4. Den ëmstriddene Projet vu Sozialwunnengen op der Schanz krut gréng Luucht
5. Lëtzebuerg huet am Abrëll d'Energie-Spuerzil vu 15 Prozent nees erreecht
6. De 95er an 98er Oktan gi vu Mëtternuecht u méi bëlleg
7. Den Eugène Prim trëtt Enn dës Joers als Generaldirekter vun de Solistes Européens, Luxembourg zeréck, Nofollger gëtt de Serge de Cillia
8. D'EZB huet d'Leetzënsen nees ëm 0,25 Prozentpunkten op elo 3,75 Prozent eropgesat
9. Een Dag nom mysteriéisen Drone-Virfall am Kreml sinn d'Hannergrënn nach ëmmer net gekläert
10. Den ukrainesche President Selenskyj huet an Holland e speziellen Tribunal fir d'Verbrieche vun der russescher Aggressioun gefuerdert
11. An der Belsch goufe siwe Persoune festgeholl, déi verdächtegt ginn, en Attentat geplangt ze hunn