CD-Klassik
Anguille sous roche
8 min
De Barockalbum vum kanadeschen Duo Les Voix Humaines presentéiert Wierker vum Couperin, Marais a Rameau. Si hu kuerz Stecker vun den dräi Komponisten erausgesicht an a selwer zesummegesate Suiten opgeholl. En Album, deen duerch seng Konzeptioun erausstécht an trotzdeem ganz selbstverständlech duerch de Repertoire féiert. De Luc Boentges erkläert, wat him un dëser Produktioun besonnesch gefall huet.