Direkt fënnef Wierker sti beim neien Album vum Luzerner Sinfonieorchester um Programm. Ënner der Direktioun vum Michael Sanderling interpretéiert den Orchester déi véier Sinfonië vum Johannes Brahms, genee esou wéi dem Komponist säi Pianosquartett Nr. 1 an engem Arrangement vum Arnold Schönberg.
De Remy Franck huet an dësen Album eragelauschtert.