CD-Klassik
De Beethoven voller Vitalitéit a Schwong
12 min
Wärend ronn engem Joerzéngt schafft de Ludwig van Beethoven u senge véier Ouvertüren. Dat sinn déi dräi Leonoren Ouverturen, an d'Fidelio Ouverture. Op hirem neien Album spillen d'Musekerinnen an d'Museker vum Minnesota Orchestra dës Wierker, wéi och "Die Ruinen von Athen" vum däitsche Komponist aus der Klassik. An den Dirigent op dësem CD ass de Stanislaw Skrowaczewski. Hie war ënnert anerem och de Music Director vum Minnesota Orchestra an Amerika. De Remy Franck huet an dësen Album voller Vitalitéit a Schwong gelauschtert.