CD-Klassik
Fantasy: Scriabin and Rachmaninoff
14 min
Fantasie ass ganz individuell. Sou waren och den Alexander Scriabin an de Sergey Rachmaninoff an hirer kënschtlerescher Opfaassung ganz ënnerschiddlech. An dat obwuel béid Komponisten eng änlech Ausbildung um Conservatoire zu Moskau mat op de Wee kruten. Dem japanesche Pianist Kotaro Fukuma wier et gelonge fir fréi Wierker vun deenen zwee Komponisten op sengem Disk 'Fantasy' programmatesch ze vereenen, mengt de Christophe Mirkes.