CD-Klassik
The Soul of Smyrna
11 min
"The Soul of Smyrna" - Smyrna war fir eng laang Zäit de Numm vun enger Stad a Griicheland, eng tierkesch Stad déi hautzedaags Izmir heescht. Op hirem neien Album presentéiert d'Heghine Rapyan déi komplett Pianossonate vum Stéphan Elmas. An dës Pianossonate goufe virdrun nach ni opgefouert - an dat war nëmmen ee Grond méi fir d'Pianistin, dës op CD opzehuelen an dem Stéphan Elmas seng Musek ze veréiwegen. D'Pianistin selwer schreift am CD-Bichelchen: "Da sie bis jetzt noch nie aufgeführt wurden, habe ich Zeit und Energie aufgebracht, um sie lebendig werden zu lassen." D'Marie Schockmel huet an dësen Album mat immens verzauberender Musek gelauschtert.