CD-Klassik
D'Jessye Norman als Isolde
14 min
"Jessye Norman - The Unreleased Masters" - dat ass ee Pak mat 3 verschiddene CDen, deen déi amerikanesch Sopranistin an Operesängerin Jessye Norman elo ënnert dem Label "Decca" erausbruecht huet. Dorop héiert ee si zesumme mat zwee weidere Sänger, wéi och mat dräi verschiddenen Orchesteren. Am Fokus steet hei "Tristan und Isolde" vum Richard Wagner, nieft Wierker vum Benjamin Britten, Joseph Haydn, Hector Berlioz, a vum Richard Strauss. De Remy Franck huet an dës Sortie gelauschtert.