CD-Klassik
Armenesch Concertoe fir Cello
17 min
Een CD opgeholl an der Aram Khachaturian Concert Hall zu Jerevan, der Haaptstad vun Armenien - dee bitt den Armeneschen Nationale Philharmoneschen Orchester. An de Programm ass och ganz passend, mat ënnert anerem Musek vum Aram Khatchaturian. Donieft spillt den Orchester och nach Cellosconcertoe vun zwee weidere Komponiste mat armeneschen Originnen. Dat sinn den Arno Babajanian an de Michel Petrossian. De Solist Alexander Chaushian, deen och an Armenien gebuer ass, spillt des ganz lyresch Melodie aus senger Heemescht mat vill Passioun, mengt de Remy Franck. Hien huet an dësen Album gelauschtert.