CD-Klassik
Cuadernos Secretos
11 min
Ausgewielte Gedichter vu spuenesche Schrëftsteller huet de Komponist Jesus Legido an insgesamt 28 Liederzyklen, zanter 1975 vertount. Fir säin 80.Gebuertsdag, hunn déi zwou spuenesch Musekerinne Raquel Lojiendo an Irene Alfageme fënnef vun den Zyklen, mat insgesamt 24 Lieder fir Gesang a Piano op engem éischten Album opgeholl. Ënnert den Theme Liewen, Dout a Léift opgedeelt, presentéieren d'Musekerinne vum Stil hir romantesch Lieder, déi awer am Fong vun engem zäitgenëssesche Komponist sinn. De Christophe Mirkes huet den CD gelauschtert a fënnt, datt et hei méi wéi eng Entdeckung ze maache gëtt.