Das musikalische Pompeji
De Pionéier vum Countertenor
8 min
Haut sinn se net méi ewech ze denken, wann et ëm de Bach, den Handel, de Vivaldi a vill aner Barock-Komponiste geet, déi Museker, déi als Interpreten op historeschen Instrumenter spillen an domat nei Weeër aschloen. Ee spezielle Fall waren awer a sinn d'Sänger:innen. Si hu keng Virbiller, vun deenen si léiere kënnen. Een dovunner ass den Alfred Deller, ee Pionéier, deen an der Mëtt vum leschte Joerhonnert als éischte Countertenor-Sänger eng international Karriär gemaach huet. De Joachim Fontaine bléckt zeréck op d'Liewe vun dësem brittesche Museker.