CD-Klassik
Séier, wëll an awer mat Prezisioun
De Beethoven huet déi éischt néng vu sengen zéng Sonate fir Gei a Piano tëschent 1797 an 1803 geschriwwen. D'Entwécklung vun der éischter bis bei d'Kreutzersonat kéint an deem Zäitraum bal net méi extrem sinn. Um neien CD vun der Antje Weithaas an dem Dénes Varjon kritt een d'Evolutioun op eng besonnesch Manéier mat. Déi zweet, déi véiert an déi néngt Sonat sinn all a La Majeur oder La Mineur geschriwwen, mee d'Kontraster wat d'Form, d'Virtuositéit an d'Stëmmungen ugeet, sinn onvergläichlech. En Disk, deen dem Beethoven seng Kammermusekwierker fir Gei a Piano op eng frësch a sprëtzeg Aart a Weis presentéiert, wéi de Christophe Mirkes fënnt.