CD-Klassik
Polish Piano Trio
13 min
Déi zwee lescht Joerhonnerte vun der polnescher Kammermusek dem Public méi no bréngen, dat ass d'Zil vum Trio Apeiron. Déi dräi Musekerinnen a Museker hu sech vu fréiere musikalesche Projete kannt, an 2019 hire Grupp gegrënnt. Ausgewielte Wierker vun ënnert anerem dem Henrik Gorättski an dem Antoni Stolpe, déi nach ni opgeholl oder opgeféiert goufen, entdecke mir op eisem CD vun der Woch. D'Marie Trussart huet eragelauschtert.