Klassik aktuell
Les Concerts de Koerich
7 min
Normalerweis gëtt bei Concerten net gequaakt. Am Fall vun de Concerts de Koerich kann dat awer schonn emol virkommen. Allerdéngs net op eng Aart a Weis déi stéiert, mee esou, datt eng ganz besonnesch Ambiance entsteet. Wärend d'Fräsche ronderëm d'Käercher Gréiweschlass ufänken ze sangen, kann een am Schlass nämlech klassesch Musek genéissen. Zwee Ensembelen triede bei der Editioun 2023 op.
De Luc Boentges huet mam Leo Halsdorf, OPL-Museker a musikalesche Beroder vun de Käercher Schlassfrënn iwwer de Programm an de Kader geschwat.