CD-Klassik
Penderecki op engem CD zesummegefaasst
8 min
Op dësem CD sinn dem Krzysztof Penderecki seng véier Sträichquartetter a säi Sträichtrio ze héieren. De Meccore String Quartet huet awer net nëmme dem polnesche Komponist seng Kammermusekwierker fir Sträicher opgeholl. Zesumme mam Klarinettist Jan Jakub Bokun hu si och de Quartett fir Klarinett a Sträichtrio agespillt. Dëst Wierk schéngt d'Konzeptioun vun dësem Disk ze vervollstännegen. Eng Programmatioun, déi net nëmme duerch dem Komponist seng Kompositioune féiert, mee déi et dem Nolauschterer oder der Nolauschterin erméiglecht dem Penderecki seng kompositoresch Entwécklung als Mënsch a Museker mat ze entdecken.