arrow_back_ios
CD-Klassik
Musikalesch Poesie
headphones
13 min
Lauschteren
play_arrow
Fanny Mendelssohn ass Villen e Begrëff an awer gëtt hir Musek vill manner gespillt wéi déi vun hirem Brudder Felix Mendelssohn. An dobäi huet si méi wéi 400 Wierker komponéiert, vun deenen nach e groussen Deel guer net verëffentlecht gouf. Elo huet déi kolumbianesch Pianistin Paula Ríos en CD mat Pianosstécker vun der Fanny Mendelssohn opgeholl. Musek, déi virun allem duerch hir poetesch Melodie bestécht, fënnt de Christophe Mirkes.