Et gouf dräi Barockkomponisten zu Venedeg mam Numm Antonio. Jiddweree kennt haut de Vivaldi, mee wien huet scho vum Antonio Lotti oder dem Antonio Caldara héieren? Dës Fro werfen den Ensembel la festa musicale an de Countertenor Alex Potter op hirem gemeinsamen Album op. Wärend dem Vivaldi seng Stécker well op Disk ze héiere waren, goufen d'Wierker vun deenen anere Komponiste fir déi alleréischte Kéier iwwerhaapt opgeholl.
De Luc Boentges huet an dëse spannenden Album eragelauschtert.