CD-Klassik
Phantasy in Blue
13 min
Der Musek nei Faarwe ginn - dat wëlle Komponistinnen a Komponisten mat hiren Transkriptioune meeschtens erreechen. A beim neien Album vum Cellist Alban Gerhardt zesumme mam Alliage Quintett ass dat och gelongen. Den Alliage Quintett, dat si véier Saxofonisten an eng Pianistin. Zesumme mam Alban Gerhardt spille si Wierker fir Orchester a Solo Cello, awer hei fir een Cello, véier Saxofonen an ee Piano geschriwwen.
Wéi den Titel vum Album et scho verréit, ass och dem George Gershwin seng "Rhapsody in Blue" mat dobäi, transkribéiert als "Phantasy in Blue". D'Resultat ass eng immens faarweg a spilleresch Musek.
De Remy Franck huet an dësen CD eragelauschtert.