Den Alexandre Baldo huet eng Stëmm, déi ee vun der éischter Sekonn u matrappt. Dat net nëmme wéinst dem enorm waarmen Timber, mee och dank der Energie, déi de jonke Bass-Bariton a säi Gesang mat abréngt. Op sengem neien CD héiert een hien awer net eleng, mee zesumme mat de fënnef jonke Museker:inne vum Ensembel Mozaïque.
Et ass en Album voller jonker Dynamik, déi net ze stoppen ass. En Album, deen och Mënsche begeeschtere kann, déi weder vu Barockmusek nach vun Operegesang Fan sinn, mengt d'Marie Schockmel.