Vill Wierker vum Mozart ginn ëmmer nees opgeféiert an opgeholl. Mol mat historeschen Instrumenter, mol mat modernen. D'Geiistin Aleksandra Bryla an d'Pianistin Monika Wozniak hunn hir eege Stëmm fonnt mat hirer Opnam vu véier verschiddene Sonate fir Gei a Fortepiano vum Salzburger Komponist. Historesche Klang, mee gespillt mat der Kraaft a mam Geescht vun haut.
Eng Produktioun, déi duerch d'Authentizitéit vun den zwou polnesche Musekerinnen erausstécht, wéi de Christophe Mirkes fënnt.